Coronavirus (COVID-19)

Léif Client’en,
 
Leider erliewen mir momentan eng Zäit déi net sou schéin ass. 
Den COVID-19 huet eng weltwäit gesondheetlech Krisesituatioun ausgeléist, déi mir just zesummen kënnen bewältegen.
 
Och mir als klengen Mëttelstännegen Betrib mussen mam gudde Beispill virgoen an Iech an och eis selwer, virun allem eis eeler Matbierger souwéi Familljememberen schützen.
 
D’Moossnamen déi vun der Regierung geholl ginn sinn, betreffen och eist Dagesgeschäft. An dach sinn se noutwendeg.
 
Mir kënne an dierfen dofir keng Client’en ëmfänken an hunn schwéieren Häerzens eis Chantier’en missen dicht machen, och eis Renovatiouns-Projet’en stinn stëll oder konnten net méi ugefaangen ginn. 
Schätzungen an Venten sinn och bis op wéideres Agefruer.
 
Mir bleiwen awer weiderhin erreechbar fir Iech.
Schéckt eis einfach eng Email op den
secretariat@immo-conseil.lu
an mir beäntweren Är Froen sou gutt wéi mir kënnen. Dir dierft eis och gearen är Telefonsnummer hannerloossen an mir ruffen Iech zeréck.
 
Leider kann en net Alles iwwer Telefon oder E-mail erklären dofir maachen mir och Video – Konferenzen iwwert Messenger, WhatsApp, Facetime, Skype oder sou.
 
Dëst klappt ganz gutt, zemools wann en iwwer Visuell Saachen (zb Pläng) wëll diskutéieren.
 
Mir probéieren den Maximum ze maachen, eis baizeschaffen an hoffen dass dës Krise schnell eriwwergeet an den normalen Rhythmus rëm ugeet.
 
Als Ofschloss wëll ech mäin Papp (Bemtgen Marc) zitéieren:
“Et soll en frou sinn wann en Mueres kann opstoen an schaffen goen!” 
 
An dësem Sënn wënschen ech Iech all Courage fir är gesondheetlech an muncher engem seng existenziell Situatioun.
 
An vergiesst net: Ënnerstëtzt sou gutt et geet d’Betriber an ärer Géigend, och wann et puer Cent méi kascht.
An dat och nach no der Krise. 
 
Mat Beschte Gréiss,
 
Schwartz-Bemtgen Claudine 
Gérante vun Immo & Conseil sa